|
Gehälterrevisioun: Gewerkschaften musse mat agebonne ginn |
|
16-06-2010 |
An der Fro iwwert d’Gehälterrevisioun an de Statut vu Staatsbeamten dierf d’Regierung net jüst mat der Staatsbeamtegewerkschaft CGFP verhandelen. D’Gewerkschafte musse an déi Diskussiounen mat abezu ginn. Dat widderhëllt de Landesverband an engem Kommuniqué. D’Gewerkschaft wor en Dënschdeg vun de Ministere Biltgen a Modert empfaange ginn - grad wéi all déi aner Gewerkschaften, déi am ëffentlechen Déngscht vertruede sinn – fir iwwer d’Reformen an der Fonction Publique ze schwätzen. D’Regierung huet nach emol preziséiert, wat se virhuet, esou de Landesverband. D’Ufanksgehälter vun de Staatsbeamte soll gekiertzt ginn. D’Gehälter vun den héije Beamten, Direkteren a Ministeren solle par konter gehéicht ginn. D’Regierung huet och widderholl, dass d’Carrière’s-Entwécklung an der Fonction Publique an Zukunft vun enger individueller Bewertung vum Beamte soll ofhängeg gemaach ginn.
|